Scheckiwwerreeschung

Scheckiwwerreechung

Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous A.S.B.L. spent fir d’ Associatioun ALA a fir d’Kierchefabrick Fëschbech.

Am Festsall vum Wunn- a Pfleegeheem Beim Goldknapp zu Ierpeldeng un der Sauer huet d’Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous e Scheck vun 2000.Euro un d’Associatioun Luxembourg Alzheimer iwwerreecht.

Den Här Denis Mancini, Direkter vun der ALA, huet de Scheck entgéint geholl an der Chorale villmools Merci gesot. Bei dëser Geleeënheet, huet den Här Mancini de Memberen an de Benevolle vun der Chorale d’Fonctionnement vun der ALA virgestallt.

En zweete Scheck vun 1000 Euro ass un d’Kierchefabrick vun der Gemeng Fëschbech iwwerreecht ginn.

Des Sue sinn en Deel vum Erléis vum Parfest vun der Chorale dat all Joer den drëtte Sonndeg am Juli zu Schous ofgehale gëtt.