FAMILLJEFEST & BAZAR 2026

16
May
16 May - 17 May
Screenshot

FAMILLJEFEST & BAZAR


Samschdeg, de 16. Mee &

Sonndeg de 17. Mee 2026


E festleche, gemittleche Weekend voller Iwwerraschungen waart op Iech!

Kommt a verbréngt onvergiesslech Momenter mat der Famill oder Frënn 💛


SAMSCHDEG – vun 15:00 bis 20:00


🎲 🎟️🃏 Bingo & Tombola

🎱🥅⚽️ Spiller & Animatioune fir jiddereen

🧵 🪆 🛍️ Handgemaachte Saachen (Broderien, Kreatiounen…)

📻🔘 Trödelmaart & Entdeckungen an nach vill aner Iwwerraschungen


SAMSCHDEG OWES – um 19:00


🎭 Spektakel:

„Dat sinn ech…“ – Grupp Fratelli Tutti Théâtre


🍽️ Iessen op der Plaz:

🌭🥩 Gegrilltes

🍰 🥧 Pâtisserie

🌍 International Spezialitéiten

——————————————––––––––––


SONNDEG – vun 10:00 bis 20:00


🎲 🎟️🃏 Bingo & Tombola

🎱🥅⚽️ Spiller & Animatioune fir jiddereen

🧵 🪆 🛍️ Handgemaachte Saachen (Broderien, Kreatiounen…)

📻🔘 Floumaart & Entdeckungen an nach vill aner Iwwerraschungen


Um 14:30 –

💃 Afrikanesch Dänz (Guinea) mat der Grupp „Paz e Bem“ Lëtzebuerg


Um 16:00 –

✨ Magesche Spektakel 🎩 mam

„Williams Magique“


Sonndes-Mëttegiessen


🍽️ Bouchée à la reine, Fritten & Zalot – 21€

🍽️ Ham, Fritten & Zalot – 21€


🌭🥩 Gegrilltes

🍰 🥧 Pâtisserie

🌍 International Spezialitéiten


💛 Eng Fest fir Kleng a Grouss!

Kommt a genéisst dëse flotte Moment vu Freed a Gemittlechkeet!

D’ASBL Jean Heinisch an d’Kierch vum Sacré-Cœur Lux-Gare freeë sech Iech op hir traditionell Familljefest & Bazar anzelueden, dat am Home vum Sacré-Cœur stattfënnt,

2, rue du Fort Elisabeth, L-1463 Lëtzebuerg.

E festlechen, gemittlechen a solidaresche Weekend waart op Iech, op fir jiddereen!

Iwwer de ganze Weekend kënnt Dir eng waarm Atmosphär mat villen Aktivitéiten, Animatiounen a kulinaresche Spezialitéite genéissen.

Dëst Fest ass och eng Geleeënheet fir déi solidaresch Aktiounen z’ënnerstëtzen, déi zanter e puer Joeren vun der ASBL Jean Heinisch an der Kierch vum Sacré-Cœur Lux-Gare fir e gudden Zwecker organiséiert ginn: Obdachloser, Leit a Schwieregkeeten, jonk Leit ouni Aarbecht oder ouni Wunneng.

Dank Ärer Presenz an Ärem Engagement, mir kënne zesummen weider hëllefen, fir eise Quartier a seng Awunner ze ënnerstëtzen.

Mir freeën eis op Iech, mat der Famill oder Frënn, fir dëse flotte Moment vu Solidaritéit a Gemittlechkeet zesummen ze erliewen!


ËNNERSTËTZT EIS MAT ENGEM DON:

ASBL JEAN HEINISCH

IBAN LU76 0099 7804 0039 6685