Géint d’Vergiesssen: AG vun der LPPD-Sektioun Iechternach an Emgéigend

D’LPPD (D’Ligue vun de Lëtzebuerger Politesche Prisonnéier an Déportéierten) Sektioun Iechternach an Emgéigend huet den 24. Mäerz hir alljährlech Generalversammlung zu Bech am Restaurant Steinmetz ofgehalen.

Nom Mëttegiessen huet den President Marcel Ewers d’Leit begréisst an ënner anerem un d’Affer vun den Resistenzler am 2. Weltkrich erënnert. Uschléissend huet den Pierre Huss den Aktivitéit’s- an Keessebericht duer geluecht.

De Jean Pirsch, President vum Comité Central vun der LPPD, huet a senger Usproch sech erfreet gewisen, datt Sektioun Iechternach an Emgéigend nach ëmmer sou aktiv ass an huet en Iwwerbléck iwwer déi nächst Aktivitéiten vum Comité Central ginn. An der Hoffnung d’nächst Joer erëm sou vill Leit, an vläicht e puer nei Membere kënnen ze begréissen, huet den President Marcel Ewers d’Versammlung opgehuewen.