Île aux Clowns Musekspektakel am CIPA zu Belval

D'Spidolsclownen triede weiderhin bei beschtem Wieder mat hirem Musekspektakel an Alters- a Fleegeheemer op. Dës Kéier hunn si d'Bewunnerinnen an d'Bewunner aus dem CIPA Belval mat lëtzebuergeschen a franséische Klassiker begeeschtert, natierlech am Respekt vun de sanitäre Reegelen.