Île aux Clowns begeeschtere mat Spektakel

Säit méi wéi engem Joer kënnen d’Spidolsclownen net wéi gewinnt op hier Beneficiairen agoen. Dowéinst hunn si zousätzlech zu hiren reguläre Visitten déi lues a lues nees ufänken - natierlech ënnert dem Respekt vun den Hygiènesmesuren- e weidere Spektakel zesummen astudéiert. Am Syrdallheem Sandweiler huet d’Ekipp dësen Uganks der Woch presentéiert an d’Beneficiairen an d’Personal begeeschtert.

Mat Clownereien a bekannte lëtzebuergeschen, däitschen a franséische Lidder bréngen si och esou vill Freed an d’Strukturen an hëllefen a COVID-Zäiten de Leit e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.

D’Beneficiairë verbréngen e schéinen, festleche Moment zesummen a kënnen sech duerno austauschen iwwert dat wat se erlieft an iwwert dat wouriwwer se zesumme gelaacht hunn. De Spektakel ass esou eng zousätzlech Manéier den enke Kontakt mat de Beneficiairen ze halen. Sangen a Laachen, déi beschte Medizin.