Scheckiwwerreeschung am Kader vun engem Defi scolaire

D'Yana Kremer, Schülerin am Lycée Aline Mayrisch, hat sech als Defi scolaire d'Zil gesat, sou vill Kilometer wéi méiglech mam Vëlo ze fueren a gläichzäiteg Sponseren ze fanne fir Sue fir e gudden Zweck ze sammelen. Déi 1500 Euro déi zesumme komm sinn, huet hatt un d' Associatioun Île aux Clowns gespent. Dem Yana e grousse Merci fir säin Engagement am Numm vun der ganzer Ekipp an alle Beneficiairen.