D'Spidolsclownen am HIS zu Stengefort

Bei stralendem Wieder a bei allerbeschter Stëmmung, hunn d'Spidolsclowne mat hire Clownereien a Gesank vill Freed bei hier Beneficiairen an d'Hôpital intercommunal vu Stengefort bruecht. Um Programm stounge franséisch, lëtzebuergesch an däitsch Klassiker. Vum "Feierwon" bis bei "Das Wandern ist des Müllers Lust" huet de Public matgesongen a gelaacht an zesummen e wonnerbare Moment verbruecht.