Fréijoersspektakel am Servior Rham

Bei allerbeschtem Wieder an an engem wonnerschéine Kader hunn d'Spidolsclownen 2 Spektaklen am Servior "Op der Rhum" gespillt an esou Freed a Laachen an d'Gesiichter vun hire Bénéficiairen an dem Personal gezaubert. Clownereien a bekannte lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Lidder stungen um Programm fir mat ze laachen a mat ze sangen. D'ganz Ekipp freet sech op vill weider Interventiounen an den nächste Wochen a Méint.