Betteng/Mess – Dëse Weekend war et zu Betteng esou wäit: No iwwer 30 Joer huet den Hämmelsmarsch erëm duerch d’Stroosse vum Duerf geklongen. Eng Traditioun, déi laang Zäit net méi ze héiere war, ass vun der Musek Gemeng Dippech nees an d’Liewe geruff ginn an huet bei ville Leit Erënnerungen erwächt.
Fir d’lescht hat d’Chorale dës Melodie am Duerf lieweg gehalen – deemools mat Gesank a begleet vun enger Harmonika. Zanterhier war et roueg ginn. Dëst Joer konnt d’Traditioun endlech nees opgegraff ginn, an d’Musek Gemeng Dippech huet sech op de Wee gemaach fir Betteng nees mat de bekannte Kläng ze fëllen.
Iwwer zwee Deeg waren d’Museker am Duerfkär an an de Stroosse vu Betteng ënnerwee. Vill Awunnerinnen an Awunner stounge laanscht de Wee, hu gelauschtert, d’Musek begréisst a mat hir gefeiert. Trotz de kale Wantertemperaturen war d’Stëmmung gutt, an et war ze spieren, wéi wichteg esou lokal Traditioune fir d’Duerfliewen a fir de sozialen Zesummenhalt sinn.
Musek Gemeng Dippech seet all de Leit e grousse Merci, déi virun Dier komm sinn an dës Première no laanger Zäit mat ënnerstëtzt hunn. Mat dësem Weekend ass net nëmmen eng al Traditioun erëm opgebléit, mee et ass och e staarkt Zeeche gesat ginn, datt Betteng seng kulturell Identitéit weider lieft a weidergëtt.