Generalversammlung vun der Musek Gemeng Dippech

Den 1. Mäerz huet d’Generalversammlung vun der Musek Gemeng Dippech stattfonnt. Vill Musikantinnen a Musikanten hunn de Wee fonnt an domat hiert grousst Engagement fir de Veräi gewisen.

Nieft den traditionelle Punkte vum Ordre du jour stoung och de Réckbléck op dat vergaangent Joer am Mëttelpunkt. Am Kader vum Aktivitéitsbericht 2025 gouf op e ganz aktiivt a musikalesch erfollegräicht Joer zeréckgekuckt. D’Musek hat d’Éier, vill Concerten ze spillen an un enger Rei vu Manifestatiounen deelzehuelen.

Wéi all Joer huet d’Musek och 2025 traditionell den Hämmelsmarsch zu Schuller, Sprénkeng an Dippech gespillt – eng flott Traditioun, déi aus dem lokale Veräinsliewen net méi ewechzedenken ass. Donieft stoungen nach vill aner Aktivitéiten um Programm, déi dat vergaangent Joer besonnesch lieweg a variéiert gemaach hunn.

E spezielle Merci goung un all déi Leit, déi d’Musek bei hire Manifestatiounen ëmmer nees tatkräfteg ënnerstëtzen. Als Zeeche vun Unerkennung krut jidderee vun hinnen eng Corbeille iwwerreecht – eng Geste, déi vill Applaus ausgeléist huet.

Fir den Owend gemittlech ofzeschléissen, huet d’Musek Gemeng Dippech op e Patt invitéiert, begleet vun engem klenge Maufel. An enger flotter an entspaanter Atmosphär konnt een de Reuniounsowend ausklénge loossen an nach e puer geselleg Stonne matenee verbréngen.

D’Musek freet sech elo schonn op déi kommend Aktivitéiten a Concerte vun dësem Joer a bleift weiderhin e wichtege Bestanddeel vum kulturelle Liewen an der Gemeng Dippech.