De Sonnden 23. November huet d’Musek Gemeng Dippech den Cäeciliendag mat engem musikaleschen Optrëtt an der Kierch gefeiert. Den Cäeciliendag, den traditionelle Festdag vun der helleger Cäecilia, d'Patréinesch vun de Museker a Sänger, gëtt all Joer gefeiert, fir d’Sänger an d’Museker fir hiert Engagement an hir Aarbecht am Duerf ze éieren. Déi helleg Cäecilia steet symbolesch fir d’Kraaft an d’Schéinheet vun der Musek – an esou gouf dësen Dag och dëst Joer an der Kierch zu Schuller mat vill Freed an Harmonie genoss.
D’Mass war ganz gutt besicht, a vill Leit aus der Gemeng haten de Wee an d’Kierch fonnt, fir dësen traditionelle Rendez-vous net ze verpassen. D’Musek Gemeng Dippech huet, niewent der Chorale Sainte Cécile vu Schuller, de Gottesdéngscht mat verschiddene feierleche Stécker begleet a gläichzäiteg eng besonnesch, berouegend a festlech Atmosphär geschaf. D’Zesummespill tëscht Chouer, Organist an der Musek huet de ganze Raum mat engem waarme Klang gefëllt.
No der Mass kruten d’Museker vill spontan Komplimenter vun de Leit, déi sech begeeschtert gewisen hunn. Et war ze spieren, datt dësen Optrëtt fir vill Leit e schéine Moment vun Zesummenhalt a Gemeinschaft war.
D’Musek Gemeng Dippech freet sech schonn op déi nächst musikalesch Aktivitéiten a wäert och an Zukunft dozou bäidroen, d’Duerfliewen duerch Musek a Kultur ze beräicheren.