De Sonndeg, 14. Dezember, huet d’Musek Gemeng Dippech hiren traditionelle Wanterconcert am Musekssall zu Schuller organiséiert. Vill Museksfrënn hunn de Wee an de Sall fonnt a konnten e flotten Nomëtteg am Zeeche vun der Musek genéissen.
Den éischten Deel vum Concert gouf vun der Réidener Musik, ënnert der Direktioun vum Ernie Hammes, gespillt. Mat engem ofwiesslungsräiche Programm hunn d’Museker de Public direkt an eng stëmmungsvoll Wanteratmosphär versat.
No enger kuerzer Paus huet d’Musek Gemeng Dippech, dirigéiert vum Didier Wein, de Public mat hirem Optrëtt begeeschtert.
E besonnesche Moment vum Nomëtteg war d’Auszeechnung vu verdéngschtvolle Musekerinnen a Museker, déi fir hir laangjäreg Memberschaft an hiren Asaz an der Musek geéiert goufen.
Ausgezeechent goufen:
Lara Conde Afonso fir 7 Joer Musek
Laura Heintz fir 7 Joer Musek
David Duquesne fir 15 Joer Musek
Maryse Karier fir 20 Joer an enger Fonctioun am Comité
D’Musek Gemeng Dippech huet de Geéierten häerzlech Merci gesot fir hir Loyalitéit an hiren onermiddlechen Asaz, mat deem si zanter Joren zum musikalesche Liewen an der Gemeng bäidroen.
Zum Ofschloss vum Concert sinn d’Réidener Musik an d’Musek Gemeng Dippech nach eng Kéier zesummen op d’Bün komm a hunn dem begeeschterte Public dräi gemeinsam Museksstécker gebueden. Dës musikalesch Zugab huet de Wanterconcert op eng besonnesch schéin a kollegial Aart ofgerënnt.
De Wanterconcert huet op en Neits gewisen, wéi wichteg Musek fir d’Zesummeliewen an d’Gemeinschaft ass. Et war en Nomëtteg voller Harmonie, Begeeschterung a gemeinsamer Freed un der Musek.