Scheckiwwerreechung um Golfclub Kikuoka zu Kanech

Am Kader vum "Man's Day- Golfturnéier" um Kikuoka-Golfclub zu Kanech, huet den Organisator, Fernand Federspiel ( Immobilière Laroche), dem Diddelenger Déierenasyl insgesamt 570€ iwwerreeche kënnen. Dësen Don setzt sech zesummen aus de Startgelder vum Turnéier a verschiddenen Eenzelspenden.

D'Muppen an d'Kazen aus dem Déierenasyl zu Diddeleng soe villmools Merci fir dëse grousszügege Geste.