D'Schüler/innen aus dem Enseignement Fondamental 4.1. aus der Dellhéicht - Schoul vun Esch waren den 8. Juli op Besuch am Regionalen Déierenasyl Diddeleng

15 Schüler-Innen an hir Enseignante ware ganz interesséiert an hate fläisseg gesammelt: Fudder, Spillsaachen, Kierf an en Don!
E grousse MERCI am Numm vun eise 4beenege Frënn!

Bei dësem Besuch hunn d'Kanner net nëmmen e klengen Abléck an de Fonctionnement vum Déierenasyl kritt, mee se sinn och op e puer wichteg Aspekter vun der Kierpersprooch vun Hond a Kaz opmierksam gemaach ginn.

Während der uschléissender Visite vun den Installatioune vum Asyl haten déi jonk Déierefrënn vill Freed am Kazenhaus, wou sech eis Mini-Tigeren gären heemele gelooss hunn.