Scheckiwwereechung am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng vun der DéierenPhysio Colling.

Enn 2015 huet DéierenPhysio Colling während engem Mount 50% vun all Eischtbehandlung un d'regionaalt Diddelenger Déierenasyl gespend. Bei dëser Aktioun zu Gonschte vun de verloossene Muppen a Kaze si beachtlech 485 € zesummekomm.
Dësen Don gouf e Samschdeg, den 19. März vu Michelle a Carole Colling no engem klenge Rondgang duerch de regionalen Déierenasyl-Diddeleng iwwerreecht.
Villmools Merci am Numm vun eise 4beenege Schützlingen!


DéierenPhysio Colling
Praxis fir Physiotherapie, Osteopathie an Akupunktur fir Päerd an Hënn
37, Leebierg L-5359 Schuttrange
691 62 82 52 / 26 00 84 60