En Don fir de Regionalen Déierenasyl - Diddeléng vum Arlette a Romy Folschette mam Sam

Ewéi all Joer hunn d'Arlette an de Romy Folschette, hiert Grill-Fest beim " Arlette a Romy " de Weekend vum 08/09 Juli 2016 fir hir Frënn an d'Famill zu Betten op der Mess organiséiert.

2016 wollten si keng Kadoen oder Blummen, si hunn amplaz Spende fir en Déiereschutzveräin gesammelt an sech fir de " Regionalen Déierenasyl Diddeleng" entscheed.

Am Kader vun enger klenger sympathescher Reunioun - bei deeër vill aktuell Problemer ronderëm Déierschutz ugeschwat gi sinn - hunn d'Arlette an de Romy mat hirem Mupp Sam den 20.Oktober hir generéis Spend vun 600€ iwwerreecht.

Déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng soe villmools Merci fir dee schéinen Don.