Eng generéis Spend fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng

2016 hunn d'Fressnapfgeschäfter zu Lëtzebuerg 1% um Chiffre d'affaires op hirer Hausmark "Real Nature" fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng zeréckgeluecht. Bei dëser Aktioun zu Gonschte vun de verloossene Muppen a Kazen ass eng ganz beuechtlech Spend zesummekomm.
Den 1. Deel vun deem generéisen Don - nämlech 7015,22 € - gouf kierzlech vum Oliver Müller aus der Fressnapfdirektioun un de Regionalen Déierenasyl-Diddeleng iwwerreecht.
E grousse Merci am Numm vun eise 4beenege "Fleegekanner"!

Am Kader vun dëser Scheckiwwerreechung huet den Här Müller och seng nei gratis APP PetScout.help virgestallt. Dës APP erlaabt et fonnten oder verlueren Déieren ze publizéieren mat Foto, Beschreiwung a genauer Lokalisatioun vun der Plaz wou se fonnt goufen oder verluer gaang sinn an dréit esou derzou bäi, datt entlafen Déieren méiglechst schnell nees doheem sinn.