Kandidatemanktem bei Gemengewahlen - Traureg Konsequenz vu verfeelter Politik!


D'Piratepartei Lëtzebuerg weist sech besuergt iwwer den akute Kandidatemanktem a verschiddene Gemenge fir déi bevirstoend Wahlen. Dest bestätegt eis Opfaassung, dass sech iwwert déi lescht Jorzéngten en enormen Desinteressi u Politik an Demokratie an der Bevëlkerung gebilt huet. D'Pirate maachen eng biergerfern, onéierlech an ontransparent Politik vun den etabléierte Parteie fir dës fatal Entwécklung verantwortlech.

"Politiker a Parteien hunn sech an de leschte Jorzéngten ëmmer méi vun der Bevëlkerung entfernt.", erklärt de Sven Clement, President vun der Piratepartei. Falsch Verspriechen, Politik hanner zouenen Dieren an Entscheedunge géint de Welle vum Vollek, all dës sinn e puer Ursaache fir de momentanen Desinteressi vun der Bevëlkerung u Politik. "Un dësem Desaster sinn Politiker vun alle Parteie Schold!", sou de Sven Clement.

Nieft méi Transparenz am Staat, vun der Regierung an an de Parteien, méi Éierlechkeet an eng erhéichte Biergerbedeelegung, mussen och endlech Demokratie a politesch Bildung Anzuch an d'Schoule fannen. "Nëmme wann Jugendlecher vun Ufank un an engem demokratesche System opwuessen an hinnen d'Politik an d'Demokratie méi no bruecht ginn, interesséieren se sech duerno och fir d'Politik.", seet de Sven Clement. "Jugendlech als politesch onintresséiert ofzestempelen ass falsch a féiert nëmmen zu enger weiderer Entfriemung. All Partei muss besser Méiglechkeete fir all interesséiert Persoun ubidden sech direkt an aktiv an d'politesch Aarbecht anzebannen."

D'Pirate fuerderen dowéinst, dass sech all d'Parteien no de Wahlen zesummesetzen an un enger gemeinsamer Léisung schaffen. "Dëse Problem dierf op kee Fall ignoréiert ginn!", sou de Sven Clement ofschléissend. "De Manktem u Kandidate fir d'Gemengewahlen ass, vergläichbar mat der niddreger Wahlbedeelegung an anere Länner, e kloert Zeechen un déi etabléiert Politik, dass sech eppes ännere muss!"