Protokoll vun der éischter Comitéssëtzung vum Bezierk Norden vun der Piratepartei

De Bezierkscomité vun de Piraten hat sech den 18. Dezember fir di éischte Kéier op enger ëffentlecher Comitéssëtzung zu Dikrech getraff. Et goung virun allem dorëms d'Zieler vir di nächst Jore festzeleeën an en regelméissege Members- an Interessententreff ze ob d'Been ze setzen.

An der Sëtzung di knapp zwou Stonne gedauert huet, goufe folgend Saachen decidéiert:

- Comitéssëtzunge sinn ëmmer den 2. Samschden am Mount um 18h00 am Café Riva zu Dikrech. Et gëtt probéiert fir ëmmer eng Audio-Opnahm vun der Sëtzung unzebidden, kann awer net garantéiert ginn. Den Agenda vun dëse Sëtzungen, wou all Member ka Punkten dropsetzen, fannt der ëmmer hei http://norden.piratepad.eu/2

- Regelméisseg Treffe wäerten ëmmer den 20. am Mount ab 19h00 am Café Pourquoi Pas zu Ettelbréck sinn. Et wäerten awer och nach Treffen an anere Gemengen (Wolz, Klierf, Réiden, etc.) organiséiert gi fir de ganzen Norden ofzedecken.

An dës Zieler goufe festgeluecht:

- D'Pirate wëlle bis Silvester 2012 hir Memberszuel am Norde verduebelen. Am Moment ginn et der 60, sprëch d'Ziel ass 120.

- Et gouf souguer schonn un d'Gemengewahlen 2017 geduet, an zwar sollen an den (wahrscheinlech dann) Proporzgemengen Ettelbréck, Dikrech, Wolz, Klierf, Park Housen, Réiden, Elwen a Wëntger souvill Memberen hunn wéi et Gemengeréit ginn (och bis zum Schluss vum Joer). An dëse Gemenge sollen et och bis 2016 eng Sektioun ginn.

De Sëtzungsprotokoll ass hei ze fannen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Norden:Protokoll/2011-12-18

An et ass jiddereen dozou opgeruff de Pirate bei hiren Zieler ze hëllefen! Arrr!