Bezierk Süde vun der Piratepartei gegrënnt!

Leschte Samschden hunn eng parti Membere vun der Piratepartei Lëtzebuerg zu Esch/Uelzecht de Bezierk “Süden” gegrënnt. Zum Bezierkspresident gouf de Laurent Heyder gewielt.

“Op eis wäert elo vill Aarbecht zoukommen.”, seet de Laurent Heyder, frësch gewielte President vum Bezierk Süde vun der Piratepartei. “Mä ech si ganz positiv gestëmmt, dass de Bezierkscomité, mat der Hëllef vun all engagéiertem Pirat, seng Aarbecht gutt maache wäert.”
Nieft dem Laurent Heyder gouf d’Myriam Grandgenet zur Trésorière an de Sascha Neumann, de Karl-Heinz Zimmer, den David Arlé an de Bernard Schmit als weider Comitésmembere gewielt .

“Eist primärt Ziel ass et de Bezierk fir d’Wahlen 2014 ze wappnen an domadder en méiglechst erfollegräiche Wahlkampf virzebereeden.”, sou de Laurent Heyder weider.

Méi Informatiounen zum Bezierk fannt der um Wiki: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Bezierk_Süden

Op der Foto vu lénks no riets: Karl-Heinz Zimmer, Bernard Schmit, David Arlé, Sascha Neumann, Laurent Heyder, Myriam Grandgenet