Éischte Bezierk vun der Piratepartei Lëtzebuerg am Norde gegrënnt!


Dëse Samschden hunn 20 Membere vun der Piratepartei Lëtzebuerg zu Waarken de Bezierk "Norden" gegrënnt. Zum Bezierkspresident gouf de Claude Feltgen gewielt.

"Di éischt Hürd fir lokal Strukturen ze schafen ass iwwerwonnen.", seet de Claude Feltgen, President vum Bezierk Norde vun der Piratepartei. "Elo heescht et méi no un d'Bierger erunzetrieden an d'Positiounen an Iddie vun de Pirate sur place anzebréngen!"
Nieft dem Claude Feltgen gouf de Jerry Polfer zum Trésorier an den Olivier Huberty, de Laurent Mander, de Bernard Frédéric an de Marc Didier an de Comité gewielt.

"Den Interessi an der Piratepartei gëtt ëmmer méi grouss, och am Norden. Éischt a wichtegst Ziel vum Bezierk ass et also d'Bierger iwwert Piraten ze informéieren.", sou de Claude Feltgen weider. "Laangfristegt Ziel ass et de Bezierk fir d'Wahlen 2014 ze wappnen an domadder en méiglechst erfollegräiche Wahlkampf virzebereeden."

De Bezierkspräsidium vun der Piratepartei Lëtzebuerg ass ënner norden@piratepartei.lu ze erreechen.