Chrëschtuucht mol anescht

All Joers invitéiert d'Sport- a Familljekommissioun all d'Awunner ab 60 Joer aus der Gemeng Rouspert-Mompech op d'Chrëschtuucht.

Leider konnt wéinz den aktuellen sanitären Mesuren dës flott Manifestatioun net stattfannen. D'Kommissioun wollt sech net domat zefridde ginn an huet dofir ugebueden de Leit de komplette Menü mat engem klénge Kaddo heemzebréngen.

Ronn 210 Menüen si vun 20 Bénévolë verdeelt ginn.