Dag vum Bam an der Gemeng Rouspert-Mompech

Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam 2019 huet d’Ëmweltkommissioun, an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Forstverwaltung Samschdes, de 9. November 2019 am Park beim Gemengeschlass zu Rouspert eng Flatterulm fir déi neigebuere Kanner vum Joer 2018 geplanzt.