Gedenkfeier zu Uesweller

Traditionell gëtt um 3. Adventssonndeg un d'Affer vum II. Weltkrich zu Uesweller geduecht. Duerch déi aktuell Situatioun huet fir eng éischte Kéier de Buergermeeschter Romain Osweiler d'Reservoffizéier missten entschëllegen. Stellvertriedend fir si, huet de Schäffen- a Gemengerot eng Corbeille a Käerze beim Monument zu Uesweller niddergeluecht. No enger Mass, gouf dann och beim Monument bei der Schull un d'Affer geduecht.