Open Air Concert vun der Militärmusek am Sauerpark zu Rouspert

Ënnert der Direktioun vum Jean-Claude Braun huet d’Lëtzebuerger Militärmusek hiren 1. Concert virum Publikum zanter Mäerz am Sauerpark zu Rouspert gespillt.

Ronn 160 Museksbegeeschtert sinn der Invitatioun nokomm an hunn, ënnert de strenge Sanitäre Mesuren an op reservéierte Plaze bäi wonnerschéine Wieder, en usprochsvolle passende Summerconcert erlieft.

Matt hirem eegene Picknick versuergt, hunn d’Nolauschterer ënneranerem Stecker vum Albert Thorn, Philip Sparke an Arrangementer vum Naohiro Iwai konnte genéissen.

Ënnert groussem Applaus hunn d’Militärmuseker sech mat 2 Zugabe bedankt an d'begeeschtert Publikum dunn an eng gemittlech Summernuecht entlooss.