43ten Assemblée Générale vun der AMET a.s.b.l.

« Association des Maîtres d’Enseignement Technique » d’AMET hat zu Dikkrich an der Hotelschoul hir 43ten Assemblée Générale ordinaire ofgehalen. D’AMET ass eng Ënnerorganisatioun vun der CGFP a vertrëtt d’Maîtren (Aktiver a Pensionnairen) an der Formation Professionnelle am Enseignement.

Eng ganz Rei Saache stoungen an dëser Versammlung um Ordre du jour. Ugaangen ass et mat der Begréissung vun den Éieregäscht, dem M. Steve HEILIGER Generalsekretär vun der CGFP, dem M. Gil BELLING Direkter vun der Formation Professionnelle vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse MENJE an dem neie President vun der FEDUSE M. Raoul SCHOLTES.

Duerno gouf den neie Comité virgestallt, dee sech zesummesetzt aus dem President BETHKE Gerry, dem Vize-President ZAWIDZKI Mike, dem Sekretär HAENTGES Ralf a dem Keessjee BOCK Jean-Paul. De President Bethke Gerry huet duerch di normal Punkte vun enger Assemblée Générale gefouert, do drënner ass och een ausféierleche Bericht vun den « activités syndicales » gefall. De Sekretär hueta senger Missioun den Aktivitéitsbericht virgedroen, wou 2016, 20 Reuniounen zestane koumen. De Keessjee huet säi Bilan presentéiert an e vun de Keesereviseure gutt heesche gelooss. Dono koum de Vize-President och zu Wuert an huet de Memberen di nei Régence vun der Memberslëscht erkläert an nach eng kéier drop higewisen, dat och d‘Homepage vun der Association des Maîtres d’Enseignement Technique eng wichteg Plattform fir all Maître ass, ënnert www.amet.lu kann een eng ganz Rei Infoen a Formulairen sech ukucken aneroflueden. D’Gäscht koumen an der Versammlung natierlech och un d’Riednerpult a sou huet den Här Steve HEILIGER vun der CGFP hir jëtzeg Aarbechte presentéiert an ee Feed-Back vum „Accord salarial“ aus der Fonction publique ginn. Hei stinn nach e puer Punkten op, déi speziell d’Maître betrëfft a wou d’AMET a.s.b.l. mat all hire Partner nach intensiv dru schafft, fir Ongerechtegkeeten ze evitéieren. Dono koum de M. Gil BELLING Directer vun der Formation Professionnelle vum MENJE zu Wuert, hien huet der AMET ee ganz interessanten an ausféierleche Bericht iwwert „Formationprofessionnelle, les adaptations en cours et à venir“ presentéiert. Hei schafft d’AMET a.s.b.l. mat hire Partner och ganz eng mam MENJE zesummen an ass frou iwwert déi éischt gutt Resultater an dësem ganz wichtegen Dossier. Fir d’Zukunft huet d’AMET a.s.b.l. sech als Ziel gesat, d’Formationprofessionnellenach méi interessant ze maachen, d’Handwierk nach méi ze vertrieden an de Lien zwëschent all de Partner an der Schoul souwéi ausserhalb der Schoul ze fleegen an ze erweideren.

Als leschte Punkt kruten d’Gäscht, d’Memberen an all déi, déi un an ëm d’Assemblée Générale mat geschafft hunn, Merci gesot. Speziell zwee laangjäreg Memberen aus dem „Conseil d’administration“, de M. Robert REISER an de M. Lucien HEMMER goufe geéiert. Als Ofschloss ass op engt Iessen, wat vun de Maîtren an hire Schüler aus der Hotelschoul preparéiert gouf, invitéiert.

Bethke G.