49ten Assemblée Générale vun der AMET a.s.b.l.

D’« Association des Maîtres d’Enseignement » d’AMET hat zu Dikrech an der Hotelschoul hir 49ten Assemblée Générale ordinaire ofgehalen. D’AMET ass eng Ënnerorganisatioun vun der CGFP a vertrëtt als eenzeg Gewerkschaft d’Maîtren (Aktiver a Pensionnairen) an der Formation Professionnelle am Enseignement.

Eng ganz Rei Saache stoungen an dëser Versammlung um Ordre du jour. Ugaangen ass et mat der Begréissung vun den Éieregäscht, dem Här Minister Marc HANSEN vum Ministère de la Fonction Publique MFP, der Madamm Véronique SCHABER Directrice adjointe à la Formation Professionnelle vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse MEN, dem Här Romain WOLFF President vun der CGFP, dem Här Steve HEILIGER Generalsekretär vun der CGFP, dem Här Michel LANNERS Directeur de l'École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg EHTL, dem Här Raoul SCHOLTES President vun der FEDUSE/CGFP, dem Här Gilles ECKERT President vun der APFP/CGFP an dem Här Marcel PLETSCHETTE President vun der AAT/CGFP.

No der Usprooch vum Här Direkter aus der Hotelschoul, deen a senger Ried d’Wichtegkeet vum Handwierk an dem Beruff vum Maître d‘Enseignement ernimmt huet, gouf den neie Comité virgestallt, dee sech zesummesetzt aus dem President BETHKE Gerry, dem Vize-President Ronny DIEDERICH, dem Sekretär Stephan SCHARPING a dem Keessjee Jean-Paul BOCK. De President huet duerch di normal Punkte vun enger Assemblée Générale gefouert. De Sekretär huet a senger Missioun den Aktivitéitsbericht virgedroen, wou 2022, 29 Reuniounen zestane koumen an och een ausféierleche Bericht vun den “activités syndicales” gouf vun him virgedroen. De Keessjee huet säi Bilan presentéiert an e vun de Keessereviseure gutt heesche gelooss. D’AMET war frou den Här Minister HANSEN begréissen ze kënnen, deen um Riednerpult iwwert den “accord salarial”, d’Handwierk, d’Zesummenaarbicht vun AMET a MFP, souwéi iwwer zukünfteg Projete geschwat huet. De President huet uschléissend dem Här Minister nach eng Kéier Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht. Weider Gäscht koumen an der Versammlung och un d’Riednerpult a sou huet den Här Steve HEILIGER vun der CGFP hir jëtzeg Aarbechte presentéiert an ee Feed-Back vum „Accord salarial“ aus der Fonction publique ginn. Hei stinn nach e puer Punkten op, déi speziell d’Maître betreffen a wou d’AMET a.s.b.l. mat all hire Partner nach intensiv dru schaffe wäert. D’Madamm Véronique SCHABER Directrice adjointe vun der Formation Professionnelle vum MEN huet der AMET, Merci gesot, well d’AMET an enger gudder Relatioun zum MEN steet. Mir freeën eis weiderhin op eng gutt Zesummenaarbecht. Fir d’Zukunft huet d’AMET a.s.b.l. sech weiderhin als Ziel gesat, der Pénurie vum Maître d’Enseignement an alle Branchen entgéint ze wierken, d’Formation professionnelle nach méi interessant ze maachen, d’Handwierk nach méi ze vertrieden an de Lien tëschent all de Partner an der Schoul souwéi ausserhalb der Schoul ze fleegen an ze erweideren.

Als leschte Punkt kruten d’Gäscht, d’Memberen an all déi, déi un an ëm d’Assemblée Générale mat geschafft hunn vum President, Merci gesot. Speziell zwee Memberen aus dem „Conseil d’administration“, den Här Jean-Marie SCHREURS an de laangjärege Keessjee Jean-Paul BOCK goufe geéiert. Lescht genannten ass den Oktober a seng wuel verdéngte Pensioun gaangen an huet no bal 20 Joer als Keessjee dëse Poste weider ginn un d’Madamm Nadine REUTER. Villmools Merci „Jemp“. De President huet nach een Opruff un all Member gemaach fir sech an den Organisatiounscomité vum Cinquantenaire ze mellen, dëse gëtt vum laangjärege Sekretär Ralf HAENTGES a laangjärege Keessjee Jean-Paul BOCK geleet. Als Ofschloss ass op engt Iessen, wat vun de Maîtren an hire Schüler aus der Hotelschoul preparéiert gouf, invitéiert ginn.

Brauch dir Infoen, da fannt dir eis ënnert www.amet.lu. Wëll dir mat eis a Kontakt trieden, dann erreecht dir eis ënnert info@amet.lu.


Bethke G.