Traditioune vu Mierschent.

« Di Merschter a.s.b.l. » gouf 2005 gegrënnt, fir zu Mierschent traditionell Fester an Aktivitéiten an der Riicht ze halen an opliewen ze loossen.

Des Aktivitéite wéi, d'Buergbrennen,  d’Grouss Botz vun der Gemeng Pëtschent, 1 Meefeier mat Meekranz, Kiermesbal mat Kiermessonndig Aperitif no der Mass a seene vun de Griewer, Summerfest verbonne mat enger Kids Challenge, ee Wëldowend souwéi Empfänke vum Kleesche goufen an der Generalversammlung vum Vizepresident Marc SEIL am Numm vum Sekretäre Jérome SINNES, deen duerch eng auslännesch Beruffsreess verhënnert an entschëlligt war am Aktivitéitsbericht virgedroen.

De President Bethke Gerry huet duerch di normal Punkte vun enger Assemblée Générale gefouert, woubäi de Keessjee Patrick LAROSCHE säi Bilan presentéiert huet an e vun de Keesereviseure gutt heesche gelooss huet. Dono huet de President Bethke Gerry am Numm vun „Di Merschter a.s.b.l.“ Geleeënheet genotzt, fir traditionell ee Check an der Héicht vun 1000€ ze iwwerreechen. Dëse goung un „Rokku mi Rokka a.s.b.l.“. De Vizepresident Daniel MAJERUS huet virun der Iwwerreechung d’Organisatioun beschriwwen an erkläert. Si sinn eng Équipe vun „éducateurs, sérigraphes, infirmières, médecins, pédagogues, kinésithérapeutes, psychologues, ouvriers, étudiants, graphistes, ...“ an hier 3 haapt Aufgaben am Senegal sinn Atelieren, de pedagogische Volet an de medezinesche Volet ze schafen an ze erhalen. Ënner www.rokkumirokka.lu fann dir nach méi Infoen.

Zum Schluss kruten d’Gemengevertrieder, déi un der Generalversammlung deel geholl hunn d’Wuert an hunn der „Di Merschter a.s.b.l.“ fir hir gelonge Kids Challenge 2016 felicitéiert an d’Gemeng Pëtschent géif et luewenswäert fanne wann 2017 des flott Aktivitéite fir Kanner rëm organiséiert kéinte ginn. De Comité huet dorops hin direkt verséchere kënnen, dass dëst Evenement den 10.09.2017 organiséiert gëtt.

Zum Schluss huet de President Gerry BETHKE nach ee Wuert un d’Allgemengheet geriicht. Hee géif mat Bedauere feststellen, dass d’Interesse un sou traditionelle Lëtzebuerger Duerffester géif ofhuelen. Als Propose sollten d'Leit sech mol rëm méi op dës Datumer konzentréieren a notéieren, d’Kollegen aus de Nopesch Veräiner sollte probéieren hir eegen Aktivitéiten net op de selwechte Weck-en ze leeën. Selbstverständlich wier 1 Mee mat Meekranz och 1 Mee an deenen aner Dierfer. Et gehéiert zur Lëtzebuerger Kultur an et wier flott wann een zesumme kéint Fester feieren. Ënnert „Divers“ huet de Comité d’Leit op ee Patt an e puer „Pain surprise“ invitéiert an den Owend gemittlech auslafe gelooss.

Fotoen a weider Infoen www.dimerschter.lu

Bethke G.