Generalversammlung vun der "AMET"

De 4. Mäerz huet « Association des Maîtres d’Enseignement Technique » d’AMET zu Dikkrich an der Hotelschoul hir 42ten Assemblée Générale ordinaire ofgehalen. D’AMET ass eng Ënnerorganisatioun vun der CGFP a vertrëtt d’Maîtren (182 Aktiver an 88 Pensionnairen) an der Formation Professionnelle am Enseignement.
Eng ganz Rei nei Saache stoungen an dëser Versammlung um Ordre du jour. Ugaangen ass et mat der Begréissung vun den Éieregäscht, dem M. Romain Wolff Generalsekretär vun der CGFP an dem M. Jean Billa Vertrieder vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse MENJE.
Duerno gouf den neie Comité virgestallt, dee sech zesummesetzt aus dem President DEBRAS Romain, dem Vize-President BETHKE Gerry, dem Sekretär HAENTGES Ralf a dem Keessjee BOCK Jean-Paul. De Vize-President Bethke Gerry huet duerch di normal Punkte vun enger Assemblée Générale gefouert, bis dohinner wou d’Assemblée Générale ordinaire zougemaach gouf an eng Assemblée Générale extraordinaire aberuff gouf. Dëst hat d‘Ursaach, dat deen neie Comité nei Asbl Statuten ausgeschafft huet an déi goufen de Membere presentéiert, fir direkt doriwwer ofzestëmmen. D’Statute si vun all de Membere sur Place ugeholl ginn an di nächst Instanze kënnen a Kraaft trieden, sou datt et an absehbarer Zukunft „AMET asbl“ heesche wäert. Ënnert „Activités syndicales“ gouf drop higewisen, dat och eng nei Homepage vun der Association des Maîtres d’Enseignement Technique online gaangen ass, wou een sech ënnert www.amet.lu eng ganz Rei Infoen a Formulairen ukucken an erofluede kann, wat an Zukunft och nach wäert ausgebaut ginn. D’Gäscht koumen an der Versammlung natierlech och un d’Riednerpult a sou huet den Här Romain Wolff vun der CGFP hir jëtzech Aarbechte presentéiert, natierlech och déi, déi d’Maître betrëfft. Dono koum de M. Jean Billa Representant vum MENJE zu Wuert, hien huet der AMET ee ganz interessanten an ausféierleche Bericht iwwert de „Projet de réforme de la formation professionnelle reformée“ presentéiert.
Als leschte Punkt kruten d’Gäscht, d’Memberen an all déi, déi un an ëm d’Assemblée Générale mat geschafft hunn Merci gesot. Als Oofschloss gouf op engt Iessen, wat vun de Maîtren an hire Schüler aus der Hotelschoul preparéiert gouf, invitéiert.
B.G.