D'Lola gouf gedeeft

D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich, den Organisateur vun der gréisster an eelster Cavalcade zu Lëtzebuerg, ware frou den 1. Bierger vum Land, den Här Mars Di Bartolomeo de Mëtteg zu Dikrich begréissen ze kënnen. Hie war direkt begeeschtert wéi de Comité vum E.S.D. hie gefrot hat fir de Pätter vun eisem klengen Esel Lola ze ginn.

D'Lola, wat d'läscht Joer de 24.12. op d'Welt komm ass, ass de Mëtteg a Begleedung vu senger Mamm dem Leila zu Dikrich beim Eselsbuer vu séngem Pätter dem Mars Di Bartolomeo, der Giedel Carine Wagner-Kleyn an dem Buergermeeschter Claude Haagen mat guddem Dikricher Béier gedeeft ginn.

A sénger Ried huet de Parlamentsprésident drop higewisen dass hien frou wär kënnen ze hëllefen d'Eier vun allen Eselen erëm hierzestellen a sech géint falsch Viruerteeler kënnen ze stäipen. Well d'Esele wären alles anescht wi domm! Den Esel wär een intelligent, sozialt a sympatescht Déier, grad esou wi séng Dikricher Frënn.

Nodeem d'Leila an d'Lola erëm an hier Wiss spadséiert sinn ass et zu Dikrich beim Buer Fräibéier ginn an d'Giedel huet all de Léit déi laanscht komm sinn eng Tiitche ginn.

Vergiesst och net de 26. Februar op déi 38. Editioun vun der Dikricher Cavalcade ze kommen.
Méi Informatioune fannt der op eiser Homepage: www.cavalcade.lu oder op eisem Facebook Account: https://www.facebook.com/dikricher.cavalcade