Den E.S.D. huet seng 40 Joer gebührend gefeiert

Den 28. Abrëll 1978 hunn e puer begeeschtert Fuesgecken sech zesumme gedi fir zu Dikrich d'Cavalcade erëm opliewen ze loossen. Mam Numm E.S.D. “D'Eeselen aus der Sauerstaad Dikkrich” hu si keng Méi gescheit fir déi finanziell Mëttelen opzebrénge fir de Leit eng schéi Cavalcade ze bidden. Deen éischten Ëmzuch ënnert dem E.S.D. huet sech dunn de 25. Februar 1979 um 14.30 Auer mam Motto “Dikkricher Eselsichkeeten” a Beweegung gesat.

Fir dëse ronne 40. Gebuertsdag ze feieren haten de Buergermeeschter mam Schäfferot an den E.S.D. bei d‘Kulturhaus an der rue du Curé zu Dikrich invitéiert wou eng Skulptur vum Marcel Wagner, Skulpteur a Member vum E.S.D. ageweit gouf.
Den Esel deen op dëser Skulptur ze gesinn ass, ass vum Dr. Hein Rosch entworf ginn, vum Sandro Dimola an den Dikricher Wopen integréiert ginn a vum Marcel Wagner an de Stee gemeesselt ginn. An dësem Zesummenhang soe mer och nach e grousse Merci un d'Carrière Feidt, déi de Stee gestëft hunn.

Nom Iesel um Kierchtuerm setzt Dikrech dem Iesel lo och een Denkmal am Häerz vun der Sauerstad. De President vum E.S.D. Sandro Dimola huet a senger Ried de Buergermeeschter gefrot ob et net un der Zäit wier de Logo vun Dikrech ze änneren an aus dem Léiw een Iesel ze maachen. Sou wéi et elo och op der neier Skulptuer ze gesinn ass.

No der Aweihung war dann e grousse Concert an der Seeërei vun der beschtbekannter Kölner Band “Höhner”, déi wäit iwwert d'Grenze bekannt si mat hire Klassiker wéi “Viva Colonia”, “Wenn nicht jetzt, wann dann”, “Echte Fründe” an nach ville méi. Si hunn de Sall zum Kache bruet an et war eng eenzegarteg Stëmmung an der Seeërei. D'Höhner un och betount dass se sech dat net erwaart haten a géngen gäeren dat Joer drop rëm kommen.

Nom flotte Concert dee bal 2 an eng hallef Stonn gedauert hat, war dunn och fräien Entrée an et gouf bis an d'Nuecht era mam Dj Paul weider gefeiert.