Dikricher Cavalcade spent am Ganzen, 3.333,33 €

E Samschden, 26. Februar waren d’Organisateure vun der Dikricher Cavalcade ënnerwee a hunn op 3 verschidde Plazen en Don vun, am Ganzen, 3.333,33 € (3x 1.111,11 €) iwwerreecht.


Dëst Joer krut d’Kannerduerf zu Miersch als Éischt en Besuch; d’Fondatioun hëlleft Kanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg an engem stabillen Ëmfeld opzewuessen an ënnerstëtzt och Familljen an Nout. 


D’Fondatioun Autisme Luxembourg zu Munzen stoung als Zweet op der Lëscht. Den éischten Zentrum deen d’Stëftung opgemaach huet, bitt Logementer fir autistesch Persounen un, an ass och en Dageszentrum wou, souwuel an de Vakanze wéi och am Alldag flott Aktivitéiten organiséiert ginn. 

D’Stroossenenglen vun Dikrech konnten sech och op Don freeën; d’A.S.B.L. déi vu Fräiwëllege gegrënnt gouf, huet als Zil, Leit ze hëllefen déi op der Strooss wunnen, souwuel wéi och Familljen déi an der Aarmut liewen.


Dikricher Cavalcade setzt sech mat ganzem Häerze fir Organisatiounen an, déi de Leit uechtert d’Land hëllefen. Cavalcade heescht also net nëmmen Trallala, mee et ass och eng wichteg Opportunitéit un déi aner ze denken an do ze hëllefe wou ee kann.


D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich notzen dëse groussen Event fir déi ze ënnerstëtzen déi et am meeschte brauchen. Wann och Dir wëllt hëllefen, zéckt net en Don un déi jeeweileg Organisatiounen ze maachen.