Infoversammlung fir Dikicher Cavalcade 2020

E Feideg, war déi alljählech Informatiounsversammlung fir d‘Veräiner déi bei der Dikricher Cavalcade matginn.
De President Sandro Dimola huet dëst Joer d‘Versammlung mat e puer méi strenge Wieder ugefangen. Hien huet sech un e puer Veräiner gewannt déi bei dem Ëmzuch vun 2019 géint verschidde Regele verstouss hunn an dommadder aaner Léit a Gefohr bruecht hunn. A senger Ried huet hien kloer gemaach dass den ESD deen dëss Cavalcade organiséiert dat net kéint acceptéieren an drop higewisen dass et dëst Joer 150. Joer hier sinn dass déi 1. Cavalcade zu Dikrich duerch d‘Stroosse gezunn ass.

Et ass och ugeschwat ginn dass eng Cavalcade wéi des ëm déi 120000 € kascht an dat nëmmen duerch Sponsoren an Entréesbilljee ze bezuelen ass. Duerfir wär et schéin wann all Zuschauer ee Billjee géing kafen an esou och fir déi nächst Joren des schéin Traditioun kéint oprecht erhale ginn.
No der Versammlung kruuten d‘Veräiner dem ESD säi Lidd "Mam Esel un der Spëtzt" firgestallt an all Veräin kruut gratis Kamellen a Béier fir op der Cavalcade ze verdeelen.

Mir invitéieren Iech all den 20.02. op eis Ausstellung mam Thema 150 Jar Dikicher Cavalcade an d‘Virstellung vum Buch an der CD.
Natirlech kënnt der Iech och schonn den 23.02. an de Kalenner opschreiwen wou um 14.30 Auer de grousse Cortège zu Dikrich duerch d‘Stroossen geet.
E weideren Datum ass den 20.06. wou den ESD op e grousse Summerfuesbal mat den Dompiraten an der Seeërei invitéiert.