Zum Wuel vun den Eselen

Léif Frënn vun den Dikricher Eselen,
mir wiere wierklech frou, am Interesse vun eisen Eselen, wann der Äre Knascht géift an d'Dreckskëscht werfen amplaz en bei eis Eselen an de Parc. Ënnert anerem wiere mer immens Dankbar, wann der d'Esele fiddert, hinne just dréchent Brout a kee frëscht oder mëllt Brout géift ginn, well dovu kréien d'Esele grausame Bauchwéi !
Esele sinn och kee liewege Kompost, d.h. Brokkoli, Paprika, Porretten a.s.w. ass Gëft fir eis si.
Wann der Léit gesitt déi hiren Dreck do ofleeën oder d'Déiere mat Saache fidderen déi net fir si geduecht sinn, da stéiert se w.e.g.



Villmools Merci am Numm vun eisen Eselen