Informatiounsversammlung vun der 37. Editioun vun der Dikricher Cavalcade 2016

Läschte Freideg hat den E.S.D. (d'Eselen aus der Sauerstadt Dikrich) all Participanten, Sponsoren, d'Police an Protection Civile op eng Informatiounsversammlung agelueden, wou si iwwert den Oflaf vun der Cavalcade 2016 informéiert gi sinn.

Trotz dem schlechte Wieder wat laang a breet an de Medien ugekënnegt ginn ass sinn awer vun deene 65 Gruppen déi um Ëmzuch matginn 58 Gruppen op Dikrich komm.

No engem klenge Briefing krut all Grupp 50 Kilo Kamellen an 30 Béchse Béier vum E.S.D. gestallt.

Während engem klenge Patt deen d'Eselen aus der Sauerstadt Dikrich zum Beschte ginn hunn, konnten nach Froe gestallt ginn.

A lo freeë mer eis all op de 7. Februar an hoffen op eng gelongen 37. Editioun vun der Dikricher Cavalcade. De Cortège geet um 14Auer 30 lass.

Méi Informatiounen fannt der op eiser Homepage: www.cavalcade.lu oder op eiser Facebook-Säit: https://www.facebook.com/dikricher.cavalcade