D'Jugendpompjeeë vun Dippech spenden un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Zesumme si mir staark a mir kënnen eppes beweegen!

D'Jugendpompjeeë vun Dippech hunn sech staark gemaach zesumme mam Geschäft Proxi fir dass Geld gesammelt gëtt, fir op dësem Wee, Kanner a Jugendlecher ze ënnerstëtzen deenen et net esou gutt geet.Déi jonk zukünfteg Pompjeeën konnten esou zesumme mat hiren Verantwortlechen ee ganz generéise Scheck vun 1.500€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.