Scheckiwwerreechung am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng

Am Kader vun der Generalversammlung vun der "Société pour la Protection des Animaux Dudelange SPAD asbl" hunn d'Vertrieder vun der "Lëtzebuerger Déiereschutzliga" , Luss Bildgen, Gaby Wolter a Jerry Mosar dem Diddelenger Déiereschutz e Scheck vu 50.000 € iwwerreecht.
Dëse méi wéi generéisen Don hëlleft engersäits en Deel vun de Fonktiounskäschte vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng ze decken an ass gläichzäiteg e symbolescht Startgeld fir d' Collecte de Fonds fir den neien Déierenasyl zu Diddeleng, deen an e puer Joer niewent dem jëtzegen Asyl entstoe soll.
D'Vertrieder vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng, dat all Joers 450-500 Kazen a Muppen ophëlt an domadder d'Nationaalt Déierenasyl substantiell entlaascht, hunn hire Merci fir dëse frëndschaftleche Geste ausgedréckt. An Zäiten, an deenen d'Déiereschützer mat villen däregen an onnéidege Problemer ze kämpfen hunn, ass et wichteg zesummenzehalen an sech gemeinsam fir den Déieren hir Rechter a Liewensbedingungen anzesetzen, e Grondsaz, deen och duerch d'Präsenz vun anere wichtege Lëtzebuerger Déiereschutzveräiner wéi de Privaten Déiereschutz, d'ALPA an SOS-ANIMAUX bestätegt ginn ass.