Schüler aus dem "Lënster Lycée" op Besuch am Diddelénger Déierenasyl

Am Kader vun engem Schoulprojet iwwert d'Déieren haten d'Schüler aus dem Lënster Lycée sech och mat der Thematik vun den Déierenasyler beschäftegt. De Besuch am Diddelénger Déierenasyl huet déi interesséiert Jugendlecher ganz konkret mat der Realitéit konfrontéiert: Wéi si d'Installatioune vum Asyl besichtegt hunn, kruten si en Abléck an en onschéinen Aspekt vun eiser Gesellschaft: déi verloossen Honn a Kazen als traurege Beweis fir den Egoismus an de Manktem u Pflichtbewosstsinn a Responsabilitéit vun enger op de Konsum ausgeriichter Gesellschaft.

Mir sinn dervun iwwerzeegt, datt och dës Visite hire pädagogeschen Effekt net wäert verfeelen an domat e klenge Beitrag fir eng besser Zukunft geleescht huet.