Vill Freed mat de Spidolsclowne vun Île aux Clowns am Servior Iechternach

An engem flotte Kader hunn d'Spidolsclowne vun Île aux Clowns mat hirem Musekspektakel d'Bewunnerinnen an d'Bewunner am Servior zu Iechternach begeeschtert. Bei beschtem Wieder hunn si lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Klassiker zum Beschte ginn, wéi ëmmer am Respekt vun de sanitäre Reegelen.