De W-E start matt vill Asätz vir den SISH

De W-E huet vir Memberen vum SISH direkt mat e Puer Asätz ugefaang. Freides Owes um 21h hunn se missen eng Dier opmaache goen. Dun Samschdes Moies sinn se 10h geruff gi weinst enger Mazoutspuer dei vun Eischen bis op Stengefort gaangen ass. Hei gouf och den WLF agesaat vir den TLF op der Streck mat Waaser ze versuergen, sou huet dee net missen emmer ant Duerf zereck fueren Tanken. Während desem Asaatz goufen Memberen dun och nach um 11h op eng Aide-Ambulanz geruff vir A2 vum Stengeforter Zenter.