Diplomiwwereechung vum Éischt Hëllef's Cours

(21.03) Um Donneschten Owend huet am Pompjeeësbau vun der Gemeng Habscht an der Präsenz vun den Schäffen- an Gemengeréit souwéi dem Direkter vun der Administration des Services de Secours Michel Feyder d'Diplomiwwereechung vum Éischt Hëllef's Cours stattfonnt.

Den Cours gouff zesummen vun den Rettungsdégschter an Gemengen vun Habscht, Kärch an Stengefort organiséiert. D'Leit haaten d'Méiglechkeet, entweder Méindes Owes am Asatzzenter Stengefort oder awer Donneschtes Owes op Eischen am Pompjeeësbau an den Cours ze kommen. Den Cours gouff vum Instrukter Fernand Streff geleed.

Ganzer 36 Diplomer gouffen iwwereecht, dovunner 35 fir d'Grondbasis vun der Éischter Hëllef, an 1 Diplom fir den Recyclage vun der Éischter Hëllef. Den Recyclage Cours ass am Normalfall no 5 Joër obligatoresch, fir en gültegen Éischt Hëllef's Cours ze hunn.

Op dëser Platz all Respekt an Gratulatioun un d'Absolventen, vläicht gesäit een jo deen een oder aaneren geschwenn am Aktiven Rettungsdéngscht ërem? (t.h.)