Feldschéierbrand zu Käerch

Um 17h17 sinn Pompjeeën Gemeng Habscht als Renfort op e Schéier Brand zu Käerch geruff ginn zesummen mat Pompjeeën Käerch an dem Zenter Stengefort.

Beim ausrécken vum TLF koum eng Réckmeldung vum 112 dass Gemeng Habscht soll op Stand-by am Pompjeesbau bleiwen, well de Brand sech net sou grouss eraus gestallt huet wei gemellt.

Doropshin huet sech dee ganzen Läschzuch prett gemat vir kënnen direkt op Platz ze fueren.

Den Chef de Service an séin Adjoint sinn awer op Platz gefuer vir sech een Iwwerbléck vun der Laach ze maachen am Fall wou Pompjeeën Gemeng Habscht nogeruff misste ginn.

No kuerzer Zäit op der Platz ass de Stand-by vun de Pompjeeën Gemeng Habscht opgehuewe, well de Brand ënnert Kontroll war an ee Renfort net méi néideg war.

Wéider Fotoen op www.sish.lu