Wanderolympiade mat den Leidelenger Treppelfrenn

D'Trëppelfrenn Leideleng waren op der Wanderolympiad zu Aix en Provence an Frankräich mat 44 Persounen vertrueden. Vum 14 bis 20 Oktober konnt een all Dag en Parcours vun 5, 10, 20 km oder en Marathon vun 42 km maachen. Am Ganzen waren ronn 450 Persounen mat der Ënnerstëtzung vun der FLMP ( Fédération luxembourgeoise de marche populaire ) a Frankräich mat derbäi.

Fir nächst Joer ass den Rendezvous Päischten zu Sillian an Eisterreich.