Generalversammlung vun den TREPPELFRENN LEIDELENG

Virun kurzem haten TREPPELFRENN LEIDELENG hier jährlech ordentlech Generalversammlung, an der Eech zu Leideleng dei vun vill Memberen, Vertrieder vun der Gemeng an den Gemengenkommissiounen, der Flmp souwei Duerfleit besicht war.


No der Begreissung duerch den Präsident WANTZ Henri as et am Sall ganz roueg gin wei un dei Verstuerwen Memberen an besonnesch un dei 2 aktiv Memberen Mme NEY Alice an den Här WESTER Paul geduecht gin as dei dem Club vill Dengschter geleescht hun an fehlen wärten

Am Mettelpunkt vum Reckbleck op d`Joer 2019 vun der Sekretärin FREIS Corinne stungen dei dei 2 Wanderungen zu Leideleng den 6.Januar an 6. Oktober, 44 Persounen hun den Club op der IVV Olympiade zu Aix en Provence vertrueden an den Ausluch op den Chreschtmaart op Illingen/Welschbach als Joresofschloss.


Fir 2020 stin um Programm dei nächsten Wanderung den 5. Abrell, d`Participatioun un der IVV Europiad zu Sillian/Eisterreich am Hochpustertal, an dei verschidden Wanderungen bei den Veräiner am ganzen Land souwei an der Groussregioun


Duerno war et um Caisssier DAMME Marco deen en detailleierten Bericht iwwert Finanzen vun den eenzelnen Aktiviteiten 2019 gemach huet an en Ausbleck op 2020 gin huet.

Vun den Keesserrevisoren goufen dei Zuelen bestätegt an op eng gudd Gestioun vun den Konten higewisen.

Verschidden Memberen goufen duerno mat engem Kado belount fir hier vill Kilometeren op den veschiddenen Wanderungen am Numm vun den Treppelfrenn Leideleng.

All Joer gin och Memberen geeiert dei am Laaf vum Joer en ronnen Gebuertsdaag gefeiert hun. Sou z.B. den Här HENSEL Julien an HILGER Camille an Madame RAUSCH Josephine an RIGONI Josette fir hier 80 Joer.

Den Här MEYER Theo fir seng 90 joer an ganz besonnesch den Här STEIMES Jean fir seng 105 Joer. Den Här Steimes as dem Club 1974 beigetrueden mais konnt aus gesondheelechen Grenn nit un der Versammlung deelhuelen.


Bei der fräier Aussprooch as et enner anerem iwwert d Organisatioun vun der Wanderung vum 5. Abrell gang, wou Mme Buergermeeschter Diane FEIPEL confirmeiert huet dass d Sportshal dem Club zur Verfügung steht, et ower virun der Hal en Chantier wärt gin weinst dem Embau vun der Schoul an der Spillplaz.


Zum Ofschloss vum Owend as et en kalen Buffet gin an bei gudder Laun bis an Nuecht eran gefeiert gin.


BRAUN Johny