Ausflug vun den TREPPELFRENN LEIDELENG an Champagne

Deser Deeg waren TREPPELFRENN LEIDELENG op en Ausflug an Champagne op Reims/Epernay.Bei der Visite mueres vun der Kellerei MERCIER war vill Interressantes gewuer ze gin an och ze kucken an bei engem gudden Patt duerno war eng gudd Stemmung ugesot.

Nomettes stung Visite vun der KATHEDRAL DE REIMS um Programm, do wou den ANGE QUI SOURIT steet an an der vill franseisch Kinneken gekreint gin sin.

No engem Passage an der Basilika vun Reims gung et weider duerch Weinbierger an enger wonnerscheiner Landschaft bis op Verzenay.Do steet den PHARE DE VERZENAY an deem den Musee de la vigne as an wou een gesäit wei an mat wat wier Geschier freier Wein gemach gin as.


Bei senger Usproch während dem Retour op Letzebuerg sot den President Henri Wantz Merci un all Persoun dei un deser Kulturrees deelgeholl huet, en weideren groussen Merci der Firma Demy Cars an hierem Chauffeur Jose.


An och e Bleck no vir därf net fehlen, sou huet den President drop higewisen dass den 6.Januar 2019 dei nächsten Aktiviteit vum Club usteet an wou all Persoun wellkomm as fir eng Hand mat unzepaken. Traditionnell as dei eischten Wanderung am Verband vun der FLMP emmer den eischten Sonnden am Joer zu Leideleng. Bei herrlechem Wanterwieder kann do jidfereen sech op en Parcours machen vun 5, 10 oder 20 km. Avis aux Amateurs.