D'Île aux Clowns nees op Besuch am Dagesfoyer vun der ALA zu ESCH

Mat vill Asaz hunn d'Spidolsclownen eng weider Kéier hire Musekspektakel am Dagesfoyer zu Esch vun der Association Luxembourg Alzheimer zum Beschte ginn.

Bei herrlechem Septemberwieder konnten d'Mënsche mat Demenz e besonnesche Moment am Gaart vun der Struktur erliewen a bekannte lëtzebuergesch, däitsch a franséich Lidder matsangen.

D'Concerten vun Île aux Clowns fannen am Respekt vun de sanitäre Reegelen statt.