500,- Euro vun den Ettelbrécker Theater Frënn fir d'Asbl "A.M.V.A."

Déi am Joer 2007 gegrënnten “Association pour Malvoyants et Aveugles”, kuurz AMVA Asbl, huet 4 Haaptziler, - méi Autonomie, méi Mobilitéit, méi Ënnerstëtzung (z.B. am Beruff) a méi Verständnes bei de Matmënschen fir blann Leit oder Leit, déi schlecht gesinn. Déi meeschte Blann oder Sehbehënnerte liewen doheem a si brauchen Hëllef, fir net an der Isolatioun ze landen. Duerch méi Bewegungsfreiheet kann hir Liewensqualitéit entscheedend verbessert ginn. D’A.M.V.A. huet duerfir de Service Novabus (Taxibus) agefouert, deen de Blannen, Sehbehënnerten, awer och all aner Behënnerten oder an senger Beweeglechkeet ageschränkte Mënsch ruffe kann, fir doheem ofgeholl ze ginn an op eng bestëmmte Plaz am Land gefouert ze ginn.
Bei Geleeënheet vun hirem Cabaret’s-Owend mam Roll Gelhausen, hunn d’Ettelbrécker Theater Frënn (ETF), ee Scheck vun 500,-EUR un d’AMVA iwwerreecht. D’Mme Pascale Link vun der AMVA huet puer Erklärungen zu der Aarbecht vun hirer Associatioun ginn an hir aktuell Broschür “Blann am Alldag, Blann duerch d’Liewen” virgestallt. Déi Broschür ass geduecht de Matbierger op Zoustänn opmierksam ze maachen, déi blann Leit oder Leit, déi schlecht gesinn, am Alldag begéinen an déi hinnen d’Liewe schwéier maachen. Weider Informatiounen op hirem Internet Site www.amva.lu oder um Telefon 661 661 300.