Scheckiwwerreechung vum ETF un d'Blëtz Asbl

Den 11.November haten d'Ettelbrécker Theater Frënn (ETF) op hir Generalversammlung agelueden. Et ass zu enger schéiner Traditioun ginn fir bei dëser Geleeënheet ee Scheck un eng Lëtzebuerger Asbl z'iwwerreechen.

D'Mme Michèle Turpel, Presidentin vum ETF, war frou d'Mme Karin Magar-Klein an d'Mme Nicole Backes-Walesch vun der Blëtz a.s.b.l. kënnen ze begréissen an huet hinnen ee Scheck vun 1 000,-EUR iwwerreecht. D'Blëtz a.s.b.l., gegrënnt 2013, ass eng Associatioun fir Betraffener vun engem Gehirschlag.

Dës Krankheet, déi wéi ee Blëtz aschléit, trëfft net nëmmen eng Persoun, mee och hiert ganzt soziaalt Ëmfeld wéi d'Famill an d'Frënn.

Blëtz a.s.b.l. setzt sech an fir eng besser Betreiuung vun de Gehirschlag-Patienten, mécht Opkläerungs- a Sensibiliséierungsaarbecht a wëll de Betraffenen an hire Familljen hëllefen fir mat de Konsequenzen vun der Gehirverletzung am Alldag ze liewen.

Weider Informatiounen fannt Dir op hirem Internet Site www.bletz.lu