Scheckiwwerreechung vum ETF un d'Asbl STÄREKANNER

Ettelbréck. De 6.November haten d'Ettelbrécker Theater Frënn (ETF) op hir Generalversammlung agelueden. Och dëst Joer ass eng Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioun mat engem Don ënnerstëtzt ginn. Sou konnt d'Asbl STÄREKANNER e Scheck vun 1000,-EUR entgéint huelen.

D'Madamm Pinnel vun der Asbl Stärekanner huet sech iwwert den Don gefreet, deen hëlleft sie an hirer Missioun z'ënnerstëtzen an sie huet kuerz hir Associatioun virgestallt. Sie offréieren hir Servicer un Elteren, fir hiert bei der Gebuert verstuerwent Kand ze portraitéieren an domat eng Erënnerung un déi kuerz Momenter, déi sie mat him konnte verbréngen, fir d'Éiwegkeet festzehalen. Sie schaffen och mat aneren Asbl'en zesummen, déi Kleeder an Abschieds-Sets fir d'Stärekanner bitzen. Dës Kleeder an Abschieds-Sets ginn un d'Eltere vu Stärekanner gespent fir hinnen ee klenge faarwege Moment an dëser schwaarzer Zäit mat op de Wee ze ginn.

Weider Informatioune fannt Dir op hirem Site www.stärekanner.lu.