Scheckiwwerreechung vum ETF u PROTRANSPLANT Lëtzebuerg

D'Ettelbrécker Theater Frënn (ETF) haten den 9.November op hir Generalversammlung agelueden. Bei dëser Geleeënheet ass wéi all Joer eng Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioun mat engem Don ënnerstëtzt ginn.

D'Mme Michèle Turpel, Presidentin vum ETF, huet sech gefreet den Här an d'Mme Kneip als Vertrieder vu PROTRANSPLANT Lëtzebuerg ze begréissen an hinnen de Scheck vun 1 000,-EUR kënnen z'iwwerreechen.

Den Här Fernand Kneip huet uschléissend dës Associatioun virgestallt. PROTRANSPLANT ass eng ASBL, déi den 23. Oktober 2011 vun enger Grupp vu Patienten, transplantéierte Persounen a Fleegepersonal gegrënnt gouf.


De But ass et, d’Organspend zu Lëtzebuerg ze promouvéieren a virun allem e frëndlecht a solidarescht Ëmfeld an Ënnerstëtzung fir transplantéiert Persounen, hir Familljen a Patienten déi op eng Transplantatioun waarden, ze schafen.

D'Organspend kann d'Liewe verlängeren.

Weider Informatioune fannt Dir op hirem Internet Site www.protransplant.lu oder via d'Infoline 691 53 53 53.